Smartphone an L-Form: Samsung weist eenzegaarteg Patent

Samsung huet sech e ganz speziellen Design iwwerluecht.

© LetsGoDigigal/Concept Creator

E Smartphone muss net onbedéngt rechteckeg sinn. Op d’mannst ass dat wéi den Hiersteller Samsung et gesäit. Well geschwënn kéint et en L-fërmegen Handy ginn. D’Grupp krut e Patent fir e Smartphone deen sech erweideren léisst.

Den zousätzleche Display soll sech duerch een Klappbildschierm auszeklappen kënnen. Samsung benotzt hei kee Rotatiounsmechanismus. Den Ecran soll um ieweschten Enn vum Smartphone befestegt ginn a kann op d’Säit opgeklappt ginn. Sou kritt den Handy säin extravagante Look.

LetsGoDigital a Concept Creator hunn d’Resultat an beandrockende Biller visualiséiert, wei et final kéint ausgesinn. Awer wéi praktesch wier e L-fërmleche Smartphone? Wann et ëm Multitasking geet, kéint et e puer Virdeeler bréngen. Engersäits kënnen d’Benotzer mat Frënn op WhatsApp chatten wärend e Video uewen leeft.

De Patent gouf d’lescht Joer beim World Patent Office agereecht an gouf elo guttgeheescht. Klapp Smartphones sinn näischt Neies fir Samsung. Mat de Fold 3 a Flip 3 Modeller huet d’Grupp scho bewisen datt déi ongewéinlech Displays duerchaus gutt ukomm sinn bei den Clienten.