„Fear The Walking Dead“: Doudgegleeften Haaptpersonnage ass zréck!

Laang gouf gerätselt, ob déi Persoun wierklech bei der Explosioun gestuerwen ass.

© AMC

Endlech ass den Trailer fir d’Saison 7B vun der Spin-Off Serie „Fear The Walking Dead“ erauskomm an iwwerrascht d’Fans mat engem spektakuläre Retour. En deemolegen Haaptpersonnage, Madison, deen eigentlech an der 4 Saison gestuerwen ass schéngt zréck ze sinn! Véier laang Joer Fans hu missen op dëse Moment waarden, well d’Madison war bei den Fans richteg beléift. Wéi hat sech anscheinend an der Saison 4 Mëtt-Saison Finale selwer an Luucht gesprengt huet, war d’Trauer grouss. D’Nouvelle datt de Personnage d’Explosioun tatsächlech iwwerlieft huet ass ëmsou méi erfreelech.

Allerdéngs war de Retour fir vill Fans previsibel. Hiren Doud war ni explizitt an der Serie selwer ze gesinn, wat natierlech eng wichteg Indikatioun ass, datt d’Dréibuchauteuren eng Hannerdier oploosse wollten. Ausserdeem gouf et offiziell an der Talkshow „Talking Dead“ am Dezember 2021 bestätegt datt mir Madison erëm géife gesinn.

Dem Madison säi Comeback stéisst net iwwerall op vill Begeeschterung. Vill Fans hätten léiwer gehat, dat hire Liiblingsfigur am Räich vun den Doudegen bliwwen wier. Dat läit virun allem dorunner, datt „Fear The Walking Dead“ an der leschter Zäit vill Qualitéit verluer huet a vill Fans sech elo Suerge maache wat d’Produzente mam Madison maache kënnen. Besonnesch op Twitter maachen d’Fans hir Onzefriddenheet bemierkbar- „Oh yay, Madison ass zréck. Ech kann net erwaarden, bis d’Schrëftsteller hat ruinéieren,“ huet ee Benotzer geschriwwen, wärend en aneren kommentéiert: „Mam Retour vum Madison kann et just nach Biergof goen. Si hunn hatt just zréck bruecht fir besser Aschaltquoten ze kréien.

Et ass also ze hoffen, datt d’Qualitéit vun der Serie en neien Opschwong erlieft an datt d’Produktioun de beléiften Haaptpersonnage net bei d’Hënn goen léisst. Fear The Walking Dead Saison 7B fänkt den 18. Abrëll 2022 an Lëtzebuerg un a gëtt op Amazon Prime Video gewisen.