Killer mécht Burgerbud op a schockéiert mam Menü

E Restaurant an Roum suergt fir Opreegung.

E verurteelte Mäerder huet e Burgerrestaurant zu Roum opgemaach. De 65 Joer ale Mann suergt den Ament mat sengem Menü fir Opreegung. Well d’Gäscht kënnen Burger, no berüümten  Krimineller benannt, bestellen.

De Salvatore Buzzi gouf Ufank 2021 zu 12 Joer an 10 Méint Prisong verurteelt. Hien huet als riets Hand vum Mafiaboss Massimo Carminati gehandelt. D'“Mafia Capitale“ huet jorelaang kommunal Ausschreiwunge manipuléiert an sech un den Sue vun den Administratiounen bedéngt. Si hunn Roum sou onermiddlech ofgezockt, datt si deelweis verantwortlech,fir de kommende finanziellen Zesummebroch vun der Stad, waren . An den 80er Jore sutzt den Mafiosi scho fir néng Joer wéinst Mord am Prisong.

De Buzzi ass awer an Appell gaangen, an fuerdert seng Strof ëm d’Hallschent ze reduzéieren. Wärenddeem hien op Urteel vum Geriicht waart, huet den Buzzi een Burger Restaurant opgemaach. Do kënnen d’Clientë ënner anerem Platen mat den Nimm „Samurai“, „The Libanese“ oder „The Terrible“ schmaachen.

D’Nimm si Gangster aus de Fernseeserie „Suburra“ a „Romanzo Criminale“, déi iwwer d’Ënnerwelt vu Roum handel. Seng Aktioun gëtt Kritesch ugesinn. „Et ass verharmlosen vum Béisen“, sot den Don Luigi Ciotti, Grënner a President vun Anti-Mafia-Verband Libera.

Mëttlerweil hëlt de Buzzi eng entspaant Vue op d’Situatioun an huet sech gefrot, op hien net de Geck domat sollt maachen: „Jidderee bezilt an dësem Geschäft, Frënn, Famill a Bekannten. Awer Procureuren bezuelen duebel a Riichter dräifach. „