Indonesien: Papp nennt säi Jong no senger Aarbechtsplaz

D’Begrënnung fir d’Wiel vum Numm ass och zimmlech ongewéinlech.

Skurril Babynimm gëtt et net nëmme bei den Staren. Mee et ass net nëmmen bei den den Staren esou, sou krut den Nowuess am Joer 2021 besonnesch flott Nimm ginn, wéi Donneschdeg, Corona oder Karma. Mee näischt schléit d’Kreativitéit vun engem Papp aus Indonesien!

Skurril Babynimm gëtt et net nëmme bei den Staren. Mee et ass net nëmmen bei den den Staren esou, sou kruten Nowuess am Joer 2021 besonnesch flott Nimm ginn, wéi Donneschdeg, Corona oder Karma. Mee näischt schléit d’Kreativitéit vun engem Papp aus Indonesien!

Den Indonesier schafft zënter 2003 als Fonctionnaire – am Statisteschen Informatiounsbüro. Dëst ass den Numm vu sengem neigebuerene Jong, deem an sengem offiziellen Gebuertsschäin steet: Dinas Komunikasi Informatika Statistics. Den Papp huet also eescht gemaach bei sengem Jong, deen den 23. Dezember 2020 gebuer gouf.

An engem Interview huet de stolze Papp säin ongewéinleche Choix vum Numm berechtegt, datt hie fir ëmmer eng Verbindung mat senger Aarbechtsplaz well hunn. Den 38 Joer ale sot zu „The Sun“ datt seng Aarbecht „säi zweet Doheem ginn ass“.

Awer op d’mannst hunn d’Elteren sech e Spëtznumm fir hire Puppelchen ausgeduecht. Amplaz hien mat sengem ganzen Numm ze ruffen, Dinas Komunikasi Informatika Statistics, wäerte si e Spëtznumm benotzen, deen aus dem Numm ofgeleet gëtt: Dinko.