WhatsApp mëscht zwou Innovatiounen réckgängeg

D’Benotzer hunn déi zwou nei Funktiounen guer net gär.

WhatsApp gëtt bal op all Smartphone benotzt. Den Messenger ass nach ëmmer virun Telegram a Co. Dat heescht awer net, datt d’Maacher vum Service keng Feeler maachen.

Gläich zwou néi Funktiounen hunn Benotzer op Palm bruecht – an dat, obwuel een sech op puer néi Funktionunen an dësem Joer freeën dierf. Mee op e ml sinn Kontakter bei den Noriichten net méi alphabetesch sortéiert. D’Funktioun „Recents Chats“ suerg derfir, dass aktuell Chatverleef no uewen réckelen.

Déi zwee Funktiounen hu wéineg Begeeschterung bei den WhatsApp Benotzer ausgeléist. Si hunn vill kriteschen Feedback ënner engem Tweet vum WABetaInfo Blog hannerlooss . D’Maacher vun den neie Funktiounen sollten dat awer gemierkt hunn, well déi zwou Innovatiounen sinn schonn rëm spuerlos verschwonnen. D’Kontaktlëscht blénkt erëm a senger aler Herrlechkeet an ass alphabetesch geuerdent.

Sou kleng Updates kommen ëmmer mol fir, em nei Funktiounen ze testen. Tatsächlech ginn d’Ännerunge ëmmer nëmme fir e puer Benotzer gemaach. Falls bei dir et ëmmer nach sou soll sinn, dass du déi néi Funktiounen gesäis, muss du dech Gedëllegen.

Wann Dir nach ëmmer fannt datt déi nei Funktiounen nach ëmmer ugewise ginn, musst Dir just Gedold sinn. Geschwënn soll sech alles erëm normal ugesinn!