Amazon stoppt Versand a Russland a sperrt Prime Video


Den Konzern schléist sech den Sanktiounen un.

De Krich an der Ukrain huet schonn dozou gefouert datt vill Firmen hir Servicer a Russland agstallt hunn. D’Sanktiounen sollen dozou feierenm, dass den Putin d’Invasioun stoppt.

Elo geet den Online Handels- a Streaminggigant Amazon dem Boykott no. Deementspriechend ginn all Liwwerunge fir privat Clienten a Russland mat direkten Effekt gestoppt. Prime Video wäert och verbannt ginn. Zousätzlech ginn d’Bestellunge fir de Videospill „New World“ net méi ugeholl. Dëst ass dat eenzegt Videospill dat d’Firma direkt a Russland verkeeft.

Bestellunge ginn och net méi a Wäissrussland geschéckt. Zousätzlech solle souwuel den Online Maartplaz wéi och d’AWS Cloud Plattform fir nei Clientë a Russland a Wäissrussland zougemaach ginn. De Grupp huet betount datt keng Datenzenteren, Infrastrukturen oder Büroen a Russland bedreift . Säit laangem  verfollegt Amazon déi Richtlinn, keng Geschäfter mat der russescher Regierung anzegoen.