Siwe Weeër, em Heizkäschten ze reduzéieren

Et gi verschidde Tricken fir Suen ze spueren.

Wéinst den aktuell explodéierende Energiepräisser froe sech vill Leit, wéi se hir Heizkäschte reduzéieren kënnen. De Krich an der Ukraine léisst d’Präisser staark an d’Luucht goen. Dat fält och an den lëtzebuergeschen  Stéit op. Awer et ginn e puer Tricken, duerch déi dir Sue spuere kënnt.

Zum Beispill ass et wichteg den Thermostat korrekt anzestellen. Soss hëtzt dir vill méi, wéi néideg. Den éischten Niveau entsprécht normalerweis 12 Grad an Niveau fënnef bis 28 Grad. Kleng Ofstufungen kënnen och schonn een Effekt bréngen. Mat all Grad manner spuert Dir ongeféier sechs Prozent vun Ären Heizkäschten. Dir sollt och d’Heizung op den éischte Niveau zrécksetzen wann Dir d’Haus verloosst.

E Feeler, deen oft gemaach gëtt, ass Saachen a Miwwelen direkt virun der Heizung ze stellen. Resultat ass, dass d’Hëtzt sech net richteg ausbreeden kann. Riddoen blockéieren och d’Heizung. En anere Problem ass ondicht Fënsteren an Dieren. Et soll also regelméisseg gepréift ginn, ob déi waarm Loft ongehennert no dobausse fléisse kann.

Wann Dir Äre Wunnraum lëft, da sollt dat am bestoen an e puer Etappe gemaach ginn amplaz eng Fënster fir Stonnen opzeloossen. D’Heizung kann och ausgeschalt ginn wann de Raum gelëft gëtt. Nuets ass et vun Virdeel déi gehëtzten Zëmmer zou ze maachen an d’Rolllueden erof ze loossen. Op dës Manéier kann Hëtzt gespäichert ginn. Onbenotzt Zëmmer sollten och an der Nuecht net erhëtzt ginn. Schlussendlech sollt Dir Är Heizkierper reegelméisseg entlëften.