Etude: Wéi de Covid-19 d’Gehier beaflosst


Fuerscher aus Groussbritannien hunn eng beonrouegend Entdeckung gemaach.

Fuerscher vun der University of Oxford hunn sech mat den Auswierkunge vum Corona Virus op d’Gehier  beschäftegt. D’Resultat vun hirer Etude ass schockéierend. Well och e mëlle Verlaf vun enger Covid 19 Infektioun kann d’Gehier schrumpfen loossen a laangfristeg Krankheeten ausléisen.

D’Resultater goufen an der Zäitschrëft „Nature“ publizéiert: „Mir waren iwwerrascht vun esou kloer Verännerungen, och a mëlle Verleef.“ D’Team vun der Fuerscherin Gwenaëlle Douaud scannt vun insgesamt 401 Leit 4 1/2 Méint no der Reconvalescence . Dës Biller goufen dunn mat de Biller verglach ier si krank goufen.

Als Kontroll goufen 384 Leit ënnersicht, déi net ënner Covid leiden. All Studie-Participanten war tëscht 51 an 81 Joer al. Besonnesch mëll Verleef goufen iwwerpréift. D’Resultat weist datt de Covid-19 d’Gehier verklengert  huet. Déi gro Matière an de Regiounen, déi fir fir Emotiounen an Erënnerung verantwortlech sinn, gouf vun der Infektioun reduzéiert.

Schued gouf och an de Beräicher fonnt, déi de Gerochssënnkontrolléieren. Am Duerchschnëtt ass d’Gehiergréisst tëscht 0,2 an 2 Prozent geschrumpft. D’Behënnerungen kënnen och Krankheeten wéi Alzheimer an Demenz promovéieren: „D’Resultat suggeréiert datt laangfristeg Covid d’Entwécklung vu sou Krankheeten fërderen kann.“ Ob d’Impfung en Impakt op d’Gravitéit vum Schued, loossen Fuerscher op stoen.