Netflix stoppt Betrib a Russland an


De Streamingdéngscht huet decidéiert en drastesch Schrëtt ze huelen.

De Krich an der Ukraine leeft elo säit annerhallef Woch. Russland kämpft scho mat ville Sanktiounen. Elo hält de Streaming Provider Netflix och säi Service a Russland op.

„Un den lokalen Ëmstänn hu mir beschloss eise Service a Russland auszeschalten“, sot d’Firma CNBC. Virdrun goufen russesch Produktiounen wéi „Anna Karenina“ gestoppt. Netflix sollt ursprénglech dozou verflicht ginn, 20 russesch Fernsehkanäl ze iwwerdroen. Allerdéngs huet de Streamingdéngscht refuséiert dës Richtlinnen wéinst dem Krich an der Ukrain ëmzesetzen.

Elo ass d’Offer komplett ausgeschalt. Laut CNBC huet Netflix ongeféier eng Millioun Abonnenten a Russland. Fir d’Clientë bedeit dat konkret, datt si nëmme Filmer a Serien bis zum nächste Bezueldatum fir hiren Abonnement streame kënnen. All Abonnementer lafen dann aus an de Service gëtt komplett ofgeschloss. Nei Clientë kënnen keen Abonnement méi ofschléissen.

Filmproduktiounsfirmen wéi Disney, Warner Bros., Sony a Paramount hunn och ugekënnegt datt se zukünfteg Filmreleases a Russland stoppen.