Nei Thriller Serie erobert Netflix Charts


Eng nei mysteriéis Geschicht gëtt zum Streaming Highlight.

MARK ROGERS/NETFLIX

Eng nei Serie erobert de Moment d’Netflix Charts. Am „Ein Teil von ihr“ kommen geféierlech Geheimnisser un d’Liicht, déi ënner bestëmmten Ëmstänn souguer deidlech kënne sinn. D’Schauspillerinnen Toni Colette a Bella Heathcote spillen Haaptrollen.

Déi zwee beandrocken mat aussergewéinleche Leeschtungen. D’Zuschauer fannen dat och. An Lëtzebuerg steet d’Serie zënter dem 6.3.2022 op der éischter Plaz am Ranking an si ass eréischt den 4.3.2020 erauskomm Bannent ganz kuerzer Zäit gouf déi mysteriéis Geschicht zum Streaming Highlight.

En Deel vun Hir erzielt d’Geschicht vum Laura an hirer Duechter Andy. Wei déi zwee op dem Andy sengem Gebuertsdag an een Restaurant iessen ginn, kënnt et zu engem Amoklaf. D’Laura rett hir Duechter mat enger heldenhafter Aktioun. Nodeems den Täter hir e Messer an d’Hand gedréckt huet, dréit si et ëm a schneit dem Täter den Hals op.

D’Evenement soll d’Liewe vun den zwou Fraen fir ëmmer veränneren. Nodeem si vun der Police gefrot gi war, wéi hir Mamm sech esou konnt wieren, fänkt si selwer un nozefuerschen. Et gëtt séier kloer datt seng Mamm net déi ass, déi se behaapt ze sinn. Den Andy geet op der Sich no der Wourecht. Vill Flashbacks, déi dem Laura seng Vergaangenheet weisen, charakteriséieren d’Geschicht, déi ëmmer méi mysteriéis schéngt ze ginn. Nieft dem Colette an Heathcote, sinn den David Wenham, Jessica Barden, Joe Dempsie a Jacob Scipio an der Serie ze gesin