Netflix-Iwwerfall geet weider: Set vu „Lupin“ gouf beklaut

Dës Kéier sinn d’Täter wärend dem Dréi agebrach.

Dieses Bild hat ein leeres Alt-Attribut. Der Dateiname ist Lupin-1024x576.jpg
Emmanuel Guimier Netflix

Et schéngt datt Netflix e seriéisen Abrochsprobleem huet. Virun enger Woch goufen 200.000 Dollar u Requisiten aus dem The Crown Set geklaut, dorënner handgemaachte Fabergé-Duplikater, Bijouen, Kandelaber a Sëlwer. D’Police huet scho laang no den Déif gesicht, mä si konnten néierens an Nord-England fonnt ginn – an elo sinn se um Set vun der franséischer Serie „Lupin“ ukomm.

Dësen neien Iwwerfall soll am grouss Stil duerchgefouert ginn sinn – laut Medieberichter hunn déi 20 vermummten Krimineller de „Lupin“-Set de 25. Februar iwwerfall, Feierwierker ronderëm gehäit an Ausrëschtung am Wäert vun 330.000 Dollar geklaut. Den Haaptacteur vum Netflix-Hit, Omar Sy, soll wärend dem Iwwerfall um Set gewiescht sinn. Glécklecherweis goufen Schauspiller an d’Crew net blesséiert.

Emmanuel Guimier Netflix

Et ass natierlech e groussen Zoufall datt zwee europäesch Netflix Sets bannent e puer Deeg beklaut ginn. Vill huelen un, dass et em déi Grupp vun Déif handelt, awer näischt ass bestätegt. D’franséisch Autoritéiten hunn zu Nanterre eng Enquête lancéiert, mee bis elo goufe keng Spueren vun de Krimineller fonnt. Et ass ze hoffen, datt déi vill erwaart drëtt Saison vu „Lupin“ wéinst dësem Tëschefall net muss ofgesot ginn.