Etude: Speziellen Knätsch schützt virun Corona

En neien Knätsch kann de Risiko vun enger Infektioun drastesch reduzéieren.

Knätsch géint Corona? Dëst sollt tatsächlech funktionéieren. Well de Risiko vun enger Infektioun drastesch reduzéiert ka ginn. Natierlech ass dëst net en einfachen Peffermënz-Knätsch, mee e spezielle Produit.

Zu dem Thema gouf eng Etude vun der University of Pennsylvania an der Zäitschrëft „Molecular Therapy“ publizéiert. D’Fuerscher hunn den Effet vun engem speziellen Proteinknätsch ënnersicht. D’Resultat ass erstaunlech, well de Knätsch knaen kann d’Virusbelaaschtung am Mond ëm 95 Prozent reduzéieren. Wat de Goût ugeet, ënnerscheet sech de Knätsch net vun aneren normalen Knätsch. En enthält Peffermënzueleg, Ingwerueleg, Kanéilueleg an Zitrounenueleg.

Dobäi kënnt e spezielle Protein deen de Corona Virus „festhale“ kann. Et ass änlech wéi d’ACE2 Proteinnen , déi och op der Mondschläimhaut virkommen. Normalerweis kann de Corona Virus hei undocken an dës Proteinnen als Entréespaart benotzen. Elo sammelen sech d’Viren um Knätsch a kënne sech net méi am Spaut oder Otem multiplizéieren. Eng Etude zu dësem Thema gouf och an Däitschland gemaach.

D’Fuerscher hunn de sougenannte „Covidgum“ ënnersicht, deen och äthereschen Ueleger enthält. Dës hunn en antiviralen Effekt a Verbindung mam Protein Spermidin. D’viral Belaaschtung am Mond kann ëm bis zu 99 Prozent reduzéiert ginn. Laut de Fuerscher dauert den Effekt bis zu zwou Stonnen. „Covidgum“ gëtt et schonn um Internet a soll an Zukunft och an den Apdikten ugebuede ginn.