‚Eng Schlupp kann déidlech sinn‘: Warnung virum flësseg Ecstasy a Schampesfläschen

EEt gouf schonn een Doudegen.

Moët & Chandon

D’Autoritéite warnen viru flësseger Ecstasy a Moët & Chandon Schampesfläschen. Et gouf schonn een Doudegen. Ausserdeem goufe vill Vergëftungsfäll gemellt.

No den Eventer an Däitschland an Holland hunn d’Autoritéite besonnesch virsiichteg opgeruff: „Loosst d’Flasche onberéiert wann den Inhalt ofwäicht, vun deem wat üblech ass fir Schampes. Och wann dir eng Fangerspëtzt an Flëssegkeet taucht an et schmaacht kann et schonn zu seriöen  Gesondheetsproblemer verursaachen och ouni et ze schlécken. Eng kleng Schlupp kann déidlech sinn

Et kéinte verschidde Fläschen an der Zirkulatioun sinn, déi flësseg Ecstasy enthalen amplaz vun Alkohol. Speziell ass et den Produit „Moët & Chandon Ice Impérial“ an engem 3-Liter Format mat der Nummer LAJ7QAB6780004. Jee eng eenzel Fläsch gouf an Däitschland an an Holland mat der flëssege Drog gefëllt.

Vun baussen ass et net méiglech ze erkennen ob wierklech Schampes an der Fläsch ass oder net. Hiweiser gëtt et awer bei der Konsistenz vun der Flëssegkeet. Flëssegen Ecstasy spruddelt net an huet och eng routbrong Faarf, déi mat der Zäit däischter gëtt. Och de Geroch ënnerscheet sech vun normalen Schampes.

Déi betraffe Fläschen goufen vun onverifizéierten Online-Outlets kaaft. D’Firma huet ugekënnegt datt et net „e Qualitéitsproblem wier, mee een Kriminalfall“.