Optesch Illusioun: wéivill Zuelen kënnt Dir gesinn?


Puer Leit kënnen all Zifferen erkennen.

Twitter @benonwine

Kënne mir eisem A gleewen? Dës optesch Illusioun beweist nach eng Kéier, datt net alles sou ass, wéi et op den éischte Bléck schéngt. Well an dësem schwaarz-wäiss Krees kënnt Dir e puer Ziffere erkennen- awer wéi vill sinn et der?

Jiddereen wäert warscheinlech eng Nummer erkennen – nämlech déi an der Mëtt. Jee nodeem wéi gutt Dir Kontraster gesi kënnt, ginn et nach méi am Bild. Eis Kontrastempfindlechkeet ass net nëmmen extrem nëtzlech fir sou optesch Illusiounen z’entschlësselen, mee et hëlleft eis och, eis Ëmgéigend mat wéineg Luucht, Niwwel a Blendungen ze erkennen. Dëst ass, zum Beispill, besonnesch nëtzlech wann Dir nuets mam Auto fuert. Mee wat wann d’Kontrastempfindlechkeet limitéiert ass? Dëst kann verschidden Ursaachen hunn, wéi d’Aenkrankheet groen Star, gréngen Star oder diabetesch Retinopathie.

Mee och wann Dir nëmmen dräi Ziffere gesinn hätt, gehéiert Dir selbstverständlech nach zu der gudder Moyenne. Vill Twitter-User hunn sech der optesch Illusioun ugeholl a verschidde Resultater erauskritt. Nëmmen déi ganz opmierksam mat de schaarfsten Aen hunn d’Zuel fonnt, déi se gesicht hunn – si huet siwen Zifferen an ass 3452839.