Opgepasst, Bedruch op Tankstellen – Police warnt virun dësem Bedruch

D’Police zu Lëtzebuerg huet eng Warnung géint Trickbedréier erausginn. Zënter kuerzem goufen et ëmmer méi Versich mat Bedruch op Tankstellen am Grand-Duché, hunn d’Beamten op der Police-Websäit matgedeelt.

Dat ass den Trick

Laut der Ukënnegung ginn Bedréier folgend vir: Si schwätzen de Client op Tankstellen ënner dem Virwand datt „si Affer vun engem Iwwerfall gewiescht sinn an dréngend Sue brauchen fir hir Heemrees an hiert Heemechtsland unzefänken“ un.Sou goufen Affer fir Boergeld gefrot. D’Versprieche vun den Täter: Zu engem spéideren Zäitpunkt géife si d’Suen vun Familljemembere rembourséiert kréien. „Dat ass awer net de Fall“, warnt d’Police.

„D’Täter begleeden hir Affer dacks un den nooste Geldautomat fir do Sue opzehiewen“, hunn d’Beamten gesot. Déi meescht Krimineller géifen Englesch schwätzen.

D’Police recommandéiert

„An deem Sënn réit d’Police, den Täter keng Suen ze ginn oder mat hinnen un een Geldautomat ze fueren“, heescht et. Esou – oder änlech Tëschefäll – sollen direkt bei der Police um Noutruff 113 gemellt ginn.