Nom Schoulbal: Enseignant huet Sex mat Schüler


Déi 27 Joer al Madamm dierf elo net méi enseignéieren.

Déi schottesch Sportenseignant Melissa Tweedie verféiert ee vun hire Schüler. Beim alljärlechen Schoulbal sollen si sech zesummen bedronk hunn. Dono haten si Sex.

Den Techtelmechtel koum elo fënnef Joer méi spéit un d’Liicht. De 27 Joer al Enseignante krut doweinst vun de Schoulautoritéiten d’Enseignéieren  verbueden. D‘ Tweedie soll den ganzen Owend onpassend mat de Studenten gedanzt hunn an vill Shots gedronk hunn. De Schüler, deen si verféiert huet, war 18 Joer al. Si war deemools 22. Hire Feeltrëtt huet elo seriö Konsequenzen.

Nach wärend dem Bal huet Tweedie ugefaange hiren Schüler ze kussen. Si hunn dunn d’Evenement zesumme verlooss an sinn an d’Hotelzëmmer vum Student gaangen: „Mir hunn eis Gekusst, keen huet et initiéiert. Mir sinn erofgaangen an haten Sex a mengem Zëmmer. Si ass d’Nuecht bliwwen a mir sinn allebéid um aacht gaangen.“ De jonke Mann verdeedegt  seng Enseignante: „Miss Tweedie deet mir wierklech leed, ech hat mäin Diplom scho kritt. A mengen Aen war et kee Schoulevenement.“

Tweedie dementéiert all Uklo. Si behaapt datt si sech net erënnere kann. Si hätt ni Sex mat engem Schüler gehat. De Fall gëtt elo an enger fënnef Deeg Verhéier ënnersicht.