Fuerscher wëllen d’Liewen vun den Hënn verlängeren


Esou kéinten déi véierbeeneg Frënn bis zu zwee Joer méi laang liewen.

Den Hond ass e wichtege Begleeder am Liewen. De Verloscht ass ëmsou méi schwéier ze verkraaften. Vläicht kënnt Dir geschwënn méi Zäit mat Äre Léifsten verbréngen. Well d’Fuerscher schaffen un engem Wee fir d’Liewen vun de Hënn ze verlängeren.

D’University of Washington huet am Kader vum Projet „Dog-Aging-Projects“ en Medikament getest dat Hënn hëllefe kann bis zu zwee Joer méi laang ze liewen. An de Studien goufen den Mais d’Medikament Rapamycin ginn. Als Resultat hunn déi kleng Nager ongeféier 30 Prozent méi laang gelieft. Normalerweis gëtt de Medikament benotzt fir den Immunsystem no Organtransplantatiounen verwennt.


Elo wëlle si ee Schrëtt méi wäit goen an d’Effektivitéit vum Medikament op Hënn an enger grousser Etude testen. Donieft soll recherchéiert ginn, wéi eng Faktoren den Gesondheetszoustand an d’Liewensdauer vun den Déieren beaflossen. D’Etude gëtt mat 500 eelere Hënn duerchgefouert. D’Déiere kréien kleng Dosen Rapamycin a reegelméissegen Intervalle fir iwwer ee Joer.

„Mir wëssen nach net ob den Effekt bei Hënn änlech wéi bei Mais wäert sinn. Mee ech mengen et ass méiglech. Eis Studie ass ausgeluecht, dat se eng Liewensverlängerung vun néng Prozent oder méi noweisen kann, „sot den Dr. Matt Kaeberlein. D’Fuerscher erhoffen sech och, Conclusiounen iwwer Mënschen zéien ze kënnen.