„Spider-Man: No Way Home“: En weideren Weltrekord opgestallt

Direkt zwee Schauspiller sécheren sech Plaz am Guinness Book of Records.

„Spider-Man: No Way Home“ brécht all Rekorder – och wann e Filmfeeler vill Fans opgereegt. Net nëmmen, datt hien bis elo ronn 1,7 Milliarden US-Dollar abruecht huet an domat „Jurassic World“ iwwerhëlt. Nee dat ass net deen eenzegen Rekord! Zwee vun de Schauspiller am Film sinn elo souguer am Guinness Buch vun de Weltrekorder.

Den Tobey Maguire als Spiderman an de Willem Dafoe als Green Goblin aus dem Sam Raimi senger „Spider-Man“ Serie setzen en neie Weltrekord. Wéinst der Participatioun um neien „Spider-Man“ kann dëst als Fortsetzung vum Film 2002 ugesi ginn. Als Resultat kënnen déi zwee Schauspiller op déi längste Carrière an der selwechter Roll zréckkucken.

Dobäi drécke si den zoustännegen Hugh Jackman vum Troun. Hien huet fir d’éischt den Wolverine am „X-Men“ gespillt an zënter kuerzem am Film „Logan: The Wolverine“. Am Ganzen huet hien de Personnage 16 Joer an 232 Deeg gespillt. De Maguire an den Dafoe toppen dat mat insgesamt 19 Joer an 225 Deeg. Domat hu si den Jackman kloer geschloen. Awer net nëmmen dat! Den Tobey Maguire huet souguer d’Chance fir seng Avance auszebauen.

Well d’Geschicht vum Spider-Man kéint weidergoen an dat géif dem Maguire d’Chance ginn, sech nees an engem roude-bloe Kostüm an New York ze weisen . Rumeuren no schéngt den Hollywood-Star dës Geleeënheet net ofzehalen a géif zu all Moment d’Roll erëm iwwerhuelen. Iwwregens huet den Andrew Garfield och en Interessi ausgedréckt fir zréck an d’Roll ze sprangen.

Egal wéi, d’Spider-Man Filmer sinn allgemeng beléift an den aktuelle Blockbuster brécht de Moment all Rekorder. Am Ranking vun den erfollegräichste Filmer vun allen Zäiten ass de Film op der sechster Plaz gelant a kann sech domat als ee vun den erfollegräichste Blockbuster vun allen Zäiten etabléieren.