Apple Face ID: Dëst ass wéi d’Gesiichtserkennung beschleunegt ka ginn

Mat dësen Tricks kënnt Dir Gesiichtserkennung (Face ID) nach méi séier maachen.

Apple

Apple’s Face ID um iPhone an iPad ass besonnesch nëtzlech wann Dir Iech selwer d’Schwieregkeete spuere wëllt fir e laange Code an ze tippen. Notzung vum Face ID ass nach ëmmer e bësse méi lues wéi den Touch ID.

Allerdéngs ginn et e puer Tricks fir d’Gesiichtserkennung ze beschleunegen. Zum Beispill, Face ID kann aktivéiert ginn soubal Dir den Apparat unhieft. Dëst kann ënner dem Menü „Settings“ ageriicht ginn. Vun do aus, wielt „Display & Brightness“. Da kann dir Optioun „Raise to Wake“ ugetippt ginn. Wann den iPhone elo opgehuewe gëtt, aktivéiert den Ecran direkt a gläichzäiteg d’Face ID Kamera.

Apple

Eng weider Optioun fir nach méi Geschwindegkeet ass den „Require Attention for Face ID“ auszeschalten. Hei soll awer bemierkt ginn datt d’Gesiichtserkennung net méi esou präzis funktionéiert a Secherheetslücken kënnen entstoen. D’Optioun kann ënner „Face ID & Code“ fonnt ginn.

Mam iPhone X, XS an XR gëtt et och d’Optioun fir direkt vun ënnen vum Ecran erop ze swipen ier den Ecran opliicht. Op dës Manéier gëtt den Face ID Erkennung direkt gestart an et huet een e puer Sekonnen gewonnen.