„Tinder Swindler“ Den Simon Leviev plangt seng eege Fernsehsendung

Doriwwer soll et bei sengem Format goen.

Instagram/Simon Leviev

Et huet eng gewëssen Ironie: de berüümten „Tinder Swindler“ plangt seng eege Dating Show. De Simon Leviev krut seng international Bekanntheet duerch den erfollegräichen Netflix Dokumentarfilm. Hie wëll dat elo notzen fir eng villverspriechend Karriär opzebauen.

Bekannten vun him sollen der d’Press seng Pläng verroden hunn. Nieft enger Datingshow wëll de Leviev e Buch an e Podcast verëffentlechen. Ëm wat soll et goen? Natierlech iwwert Dates. Fir richteg gutt duerchzestarten, huet de Leviev souguer den Hollywood-Managerin Gina Rodriguez agestallt. De Simon well selwer am Mëttelpunkt vun der Datingshow stoen. Baséierend op dem Fernseeformat „The Bachelor“ däerfe verschidde Fraen fir seng Opmierksamkeet kämpfen. 

Instagram/Simon Leviev

Sinn d’Dammen nach un him interesséiert nodeems se den Documentaire gesinn hunn? Op alle Fall mengt de Leviev datt hien an engem schlechten Liicht duergestallt gëtt an huet ugekënnegt datt hien och seng Säit vun der Geschicht verëffentlecht. „The Tinder Swindler“ weist wéi de Leviev vill Frae fir Méint bedrunn an skrupellos ausgebeut huet. Frae sinn haut nach ëmmer déif an den Scholden. De jonke Mann poséiert als räiche Geschäftsmann an huet e Luxusliewen op Käschte vun deenen, déi an hien ragefall sinn, gemaach. Um Enn vum Dokumentarfilm bedrot de Leviev Netflix mat juristesche Konsequenzen.