TRIO VUN EXPERTEN FIR ELTEREN


Am Kader vum Safer Internet Day 2022 stellt BEE SECURE en Informatiounsowend fir Elteren vir. Organiséiert vu BEE SECURE an Zesummenaarbecht mam KJT an der Kriminalpräventioun vun der Lëtzebuerger Police, bitt dëst Evenement Plaz fir Är Froen als Elteren un d’Vertrieder vun dësen 3 Organisatiounen. Dobai ginn Risiken vum Internetverbrauch vu Kanner a Jugendlechen, souwéi méiglech Handlungsverfahren ugeschwat.

Den Elterenowend fënnt als Hybrid-Event statt, dat heescht, datt Dir entweder um Site (Forum Geesseknäppchen, 40 boulevard Pierre Dupong L-1430 Luxembourg) un der Versammlung deelhuele kënnt oder sech online iwwer e Link zouschalt.

Sprooch: Den Evenement gëtt op Lëtzebuergesch ofgehalen
Online: Lëtzebuergesch (Facebook Live)
Op der Plaz: Lëtzebuergesch + simultan franséisch Iwwersetzung

den 22.02.2022 vun 19:00 bis 21:00

D’Evenement fënnt ënner dem Covid Check 2G+ Regime of.