Netflix stellt laang erwaarden Feature vir

Dorop hunn mega vill Notzer gewaart.

De Streamingdéngscht Netflix huet viru kuerzem een neien Feature agefouert. Dëst ass eng praktesch Funktioun op déi vill Benotzer scho laang gewaart hunn. Besonnesch zënter Ufank vun der Corona Pandemie war Netflix ganz populär. All Filmer a Serien kënnen einfach doheem gestreamt a vum Canapé gekuckt ginn. An de Kino ze goen ass net méi néideg.

Den neien Feature feiert elo dozou, datt d’Benotzer nach méi Kontroll iwwer hire Profil hunn an d’Benotzererfarung méi kloer duergestallt ka ginn. Et ass elo méiglech Titelen aus der Rubrik „Continue Watching“ ze läschen. Et geschitt dacks datt Dir e villverspriechend Trailer gesitt oder datt Frënn eng Serie recommandéieren. Wann dat awer net ären eegene Goût entsprécht, bleiwen d’Titele fir all Éiwegkeet an der genannter Kategorie.

Akhil Arora/Gadgets 360

Dëst kann een konfusem Chaos kreéieren. Besonnesch dann, wann sech tëscht den No-Gos Serien a Filmer befannen, déi dir fir spéider gespäichert hutt an eigentlech weider kucken wëllt. Vun elo un, hunn d’Benotzer d’Méiglechkeet dësen Beräich ze botzen. Déi nei Funktioun ass fir den Browser, op mobillen Apparater an op den TV Apps scho verfügbar.

Fir eng Serie oder e Film aus der Lëscht ze läschen, muss de entspriechende Titel ausgewielt ginn. De „Remove from row“ Knäppchen ass dann verfügbar.