Etude: Schützt Vitaminn D géint Covid-19?

Eng Etude aus Israel gëtt nei Detailer.

D’Verbindung tëscht Vitaminn D an Covid-19 gouf zënter enger Zäit diskutéiert. Den Vitaminn vun der Sonn soll géint Corona schützen an e Mangel kann souguer zu engem schwéiere Verlaf féieren. Eng nei Etude aus Israel huet dëst Thema behandelt.

253 Patienten, déi tëscht dem 7. Abrëll 2020 an dem 4. Februar 2021 an de Galilee Medical Center an der Stad Nahariya an Israel opgeholl goufen, goufen ënnersicht. De Vitaminn D Niveau vun de Sujete gouf 14 bis 730 Deeg virun der Corona Infektioun gemooss. Dës Wäerter goufen am Zesummenhang mam Verlaf bewäert.

D’Resultater weisen datt Leit mat manner wéi 20 Nanogramm pro Milliliter, also een Defizit, véierzéng Mol esou dacks een schwieeren Corona-Verlaf haten wéi Leit mat engem héije Vitamin D Niveau, wat méi wéi 40 Nanogramm pro Milliliter war. Dowéinst behaapten elo puer Stëmmen, datt e Vitaminn D Ergänzung huelen kann, fir sech géint Corona schützen.

D’Fuerscher weisen awer drop hin, datt d’Etude dës Conclusioun net ënnerstëtzt. Si weisen drop hin datt de Vitaminn D-Mangel „indikativ ass fir eng breet Palette vu chronesche Gesondheetsbedéngungen oder Verhalensfaktoren“, déi „gläichzäiteg méi eng uerg d’Covid-19 Erkrankung herfirriffft an de Risiko vum Doud erhéijt“. Eng Verbindung tëscht engem nidderegen Vitaminn D Niveau an engem schwéiere Corona Verlaf ass also méiglech, awer et gëtt ugeholl datt béid warscheinlech d’Konsequenz vun anere Faktoren sinn.

Risikofaktoren wéi fréier Krankheeten sinn dacks mat engem nidderegen Vitaminn D Niveau associéiert. Dëst seet Iech wéi gesond eng Persoun am Allgemengen ass. Och wann Vitaminn D Pëllen hëllefe kënnen ze kompenséieren, sollten se net iwwerdoséiert ginn.