„Inventing Anna“: Video weist de richtegen Hannergrond vum Anna Sorokin Fall

D’Serie steet am Moment op Plaz 1 an den lëtzebuergeschen Netflix Charts.

Netflix

Déi lescht Woch koum déi nei Netflix Serie „Inventig Anna“ eraus. D’Julia Garner spillt d’Anna Sorokin. De Produzent Shonda Rhimes ass bekannt fir déi richteg Nues ze hunn wann et ëm erfollegräich Serie geet. Mat „Bridgerton“ huet si Netflix schonn e Megahit erreecht.

Déi nei Serie gëtt och vun den Zuschauer gutt ugeholl. Et besetzt schonn déi éischt Plaz vun den Charts an Lëtzebuerg. An der Serie geet et ëm e Journalist, deen de Fall vum Anna Sorokin ënnersicht, och bekannt als Anna Delvey. Dat jonkt Onéierlecht gëtt sech als räich Ierwen aus a lieft op Käschte vun New York d’Hoteller.

Inventing Anna. Julia Garner as Anna Delvey in episode 102 of Inventing Anna. Cr. Aaron Epstein/Netflix © 2021

D’Geschicht baséiert op richtegen Tatsaachen. Netflix huet viru kuerzem e Clip verëffentlecht deen d’Wourecht hannert dem Fall verréit. Am Video soen ënner anerem d’Schauspillerinnen an de Produzent hir Meenung. D’Geschicht vun der räiche „Trickbetrügerin“ gouf vum Journalist Jessica Pressler an engem Artikel mam Titel „„How Anna Delvey Tricked New York’s Party People“ publizéiert

D’Anna an Wierklechkeet krut eng Zomm vun $ 320.000 bezuelt fir d’Rechter op hirer Geschicht. Sorokin krut dës houfreg Zomm wärend hatt nach am Prisong war. No der Fräiloossung am Februar 2021,huet hat sech awer net verstoppt oder ënnergedaucht. Nee nee si post fläisseg luxuriéis Fotoen op Instagram a schéngt weiderzemaachen wou se opgehalen huet. Säin Kont „theannadelvey“ huet 282 dausend Fans.