Apple Keynote: Apple Fans kënne sech op dës nei Produkter am Joer 2022 freeën

Am Fréijoer präsentéiert Apple fir Joer 2022 seng néi Produkter

All Joer kënnt rëm d’Zäit: Den Tech-Ris Apple presentéiert seng Innovatiounen fir 2022. Wéinst der ugespaanter Situatioun wat d’Pandemie ugeet, wäert dëst Joer den Tim Cook Event och rëm digital stattfannen loossen. Mir soen Iech wéini déi éischt Apple Keynote am Joer 2022 kënnt a wéi eng Produkter um Event presentéiert ginn.

Dëst Joer huet Apple sech den Internationalen Fraendag ausgewielt fir hir neisten Hardware ze presentéieren. Den 8. Mäerz geet et alles ëm déi drëtt Generatioun vum iPhone SE, en neien iPad Air an e Mac mini. E puer vun den Experten aus dem Online Magazin „Mac Rumours“ anen datt de Softwareupdate iOS 15.4 och bei der Presentatioun am Fréijoer agefouert ka ginn.

Den iPhone SE ass de bëllegste Smartphone vun Apple. Elo kënnt schonn déi drëtt Generatioun op de Maart an den 8. Mäerz soll se presentéiert ginn. Anscheinend soll den neisten iPhone SE ästhetesch bei der 2020 Versioun sinn. Also rëm een änlechen Design vum iPhone 8. Awer den SE sollt technesch vill méi ze bidden hunn: 5G, e méi séieren A-Serie Chip a warscheinlech eng verbessert Kamera.

Den iPad Air soll och mat engem aktualiséierten A-Serie Chip an 5G Connectivitéit kommen. Awer net nëmmen dat! Den iPad kéint souguer mat der neier 12-Megapixel Ultra Wäitwénkel Front Kamera mat Center Stage kommen – Quad LED True Tone Flash abegraff! Den iPad Air soll och an enger grousser Villfalt vun neie Faarwen kommen. Deen eenzege Grond fir eng kleng Enttäuschung: et gëtt kee groussen Designupdate. Apple-Fans kënnen dat mat sécherlech verkraaften, ëmmerhin kënnt e Mac mini op de Maart! Den 27-Zoll iMac soll mat engem Mini LED Display an Apple’s ProMotion Technologie ausgestatt ze sinn.

Wéi wäit dës Produktbeschreiwunge richteg sinn, gesinn mer den 8. Mäerz!