A Liewensgefor: zwee onbekannt Leit klammen ongeséchert op den 153 Meter héije „Skyper“


Der Police no handelt et sech net ëm de franséische Spiderman.

jsk-architekten

En ass 153 Meter héich, komplett verglaast a steet matten zu Frankfurt: Fir e puer Kloterfans schéngt den „Skyper“ Bürotuerm e richtege Mount Everest ze sinn! Op en Neits hunn zwee Männer hiert Liewe riskéiert fir op den Tuerm ze klammen.

De franséische Kloterer Alain Robert, bekannt als Spiderman, ass op d’Héichhaus um Taunusanlag geklommen. An net nëmmen eemol, mä dräimol! Déi leschte Kéier am November 2021, wéi hie festgeholl gouf.

Mä dëse Samschdeg de Moien sinn et zwee onbekannte Männer, déi sech trauen, d’Gebai am Frankfurter Bankebezierk erop ze klammen. D’Fassad vum „Skyper“ bitt wéineg Plaz fir sech mat Hänn a Féiss ze halen. De Gedanke, datt déi zwee Extremsportler komplett ongeséchert op d’Gebai klammen, war ëmsou méi erschreckend. Deen éischte vun deenen zwee Männer huet 40 Minutten gebraucht, deen zweete war kuerz drop um Daach.

Instagram nicoleneumann22

Eemol un der Spëtzt hunn déi zwee Kloterer deselwechte Schicksal erlieft wéi de franséische Spiderman am November 2021: Si goufen vun der Police festgeholl, well den Haussécherheetsservice Police informéiert hat. Bis elo gëtt et keng präzis Informatioun iwwer déi zwee Onbekannten. D’Police huet just ugekënnegt, datt et net de Fransous Alain Robert wier.

Op de „Skyper“ klammen ass verbueden a fält ënner „Hausfriedensbruch“. Ausserdeem ass kloteren vun Fassaden allgemeng net legal. De Propriétaire vum Héichhaus huet sech ufanks refuséiert, eng Plainte ze maachen, mä déi zwee Männer ginn temporär festgeholl – grad wéi de franséische Kloterer, dee sech gären als frëndlech Spann poséiert.