Norwegen: Eegenen Prisong fir Massemäerder Breivik

Den Anders Breivik soll an säin eegene Sécherheetsdepartement transferéiert ginn.

IMAGO / ZUMA Wire

Am Joer 2011 huet den Anders Breivik 77 Mënschen ëmbruecht. No den Bommeleeër zu Oslo, wou am Ganzen 8 Mënschen ëm d’Liewe koumen, huet hien op der norwegescher Insel Utøya 69 jonk Leit erschoss. Elo soll de geféierleche Massemäerder an en anere Prisong transferéiert ginn.

Den Ringerike-Prisong läit um Séi mam Numm Tyrifjorden. Ganz no vun der Insel, wou de schrecklechen Drama stattfonnt huet. Den Breivik kritt net nëmmen eng Zell an der Ariichtung; hie wäert a sengem eegene Sécherheetsdepartement liewen. Dëst gouf speziell fir hien op den aktuellen Stand bruecht. A senger Bereich sinn fënnef Zellen, eng Gemeinsamschaftskichen, wéi och e Openthaltsraum.

Den Sécherheetsdepartement gëtt et schonn e puer Joer. Allerdéngs gouf se nach ni virdrun benotzt . De Breivik ass deen éischte Prisonnéier deen do agespaart gëtt. Hien huet d’Recht op dräi Zellen. Hie benotzt eng vun hinnen fir ze schlofen, déi aner fir ze schaffen an déi drëtt fir säi Fitnessprogramm.

Et ass nach net gewosst, ob déi aner zwou Zellen an Zukunft vun anere Prisonéier besat ginn oder net. Viru Chrëschtdag krut de Prisong 1,5 Milliounen Euro fir Ariichtungen a Sécherheetsmoossnamen ze verbesseren. Messer a Forschett an der Kichen si fest ugebonnen an all Tiräng sinn gespaart. Iwwer den Outdoorberäich léit een kompakt Gitter, d’Miwwele si sou schwéier datt se net opgehuewe kënne ginn, d’Trappen goufen geséchert an all Sécherheetskameraen goufen erneiert.