Tesla: Sou héich sinn d’Produktiounskäschte vun engem Elektroauto

D’lescht Joer huet de Grupp bal eng Millioun Gefierer verkaf.

Den alljärlechen Bilan vun der Tesla Grupp ass beandrockend. Den Elektroauto Hiersteller huet ronn 936.000 Gefierer geliwwert a mëscht een Ëmsätz vu 5,5 Milliarden US Dollar. Mat Stroum fueren gëtt ëmmer méi populär. Awer wéi vill kascht et tatsächlech een Tesla ze produzéieren?

Et gouf eigentlech ugeholl datt de Bau vun engem Elektroauto laang Zäit wéinst der Batterie net ganz rentabel wier. Tesla beweist den Géigendeel. Am drëtten a véierte Véierel vun 2021 waren d’Käschte fir e Gefier ze produzéieren $ 36,000. Mat sengem Model 3 mécht Tesla op d’mannst $ 9.000 Gewënn. Dobäi handelt et sech em den bëllegsten Auto.

Mam Model Y soll de Gewënn wesentlech méi héich sinn. Clienten, déi de Model S an de Model X wielen, musse vill méi Suen ausginn. Allerdéngs ginn d’Gefierer méi seelen verkaf. De Grupp setzt op Innovatiounen an der Produktioun an op speziell gebaute Fabricken. Zousätzlech kënnt, dass Tesla op een klassescht PR Departement verzicht, wat och vill Suen spuert.

Den Autoshiersteller huet sech Ziel gesat, D’Produktiounskäschte nach méi ze reduzéieren. Dës soll duerch d’Benotzung vu gréissere Gossdeeler, strukturell Batteriepäck a 4680 Batteriezellen geléngen.