Studie weist wéi de perfekte éischten Date ausgesäit


Dëst sinn d’Dos an Don’ts op engem éischten Date.

Den éischten Date ass dacks entscheedend. Schliisslech gi hei Weichen gesat fir sech méi intensiv kennen ze léieren oder souguer fir eng Partnerschaft. Awer wat ass eigentlech wichteg beim éischten Treffen a wat mécht de perfekte Date aus? Eng Etude vum Portal „DrEd“ huet sech mat dëser Fro beschäftegt.

Am Kader vun der Etude goufen 1.000 Leit aus den USA an Europa iwwer hir Usiichten befrot. E puer Iwwerraschungen goufen opgedeckt. Zum Beispill, Fraen hunn léiwer een Date mat dem, deen se scho kennen, awer schonn laang net méi gesinn hunn. Am onbeléiftesten hunn Fraen, Leit ze Daten, déi se duerch Tinder a Co kennegeléiert hunn.

a

Männer stinn och op Dates mat gudde Frënn, déi se och aktiv treffen. Al Bekannten sinn och keen No-Go fir d’Hären. Dating Portaler hunn e schlechte Ruff ënner Männer. Si hunn och léiwer Spontanitéit, wann et ëm een Date geet. Déi populäerste Plaz fir een romantescht Treffen ass e Café oder e Restaurant. Och Spadséieren goen kënnt gutt un.

Déi schlëmmste Plazen fir een Date sinn Diskothéiken, Hochzäiten a Swingersclubs. Schlechten Mondgeroch a schlecht Hygiène sinn och een absolutt No-Go. Ausserdeem ginn feelenden Humor an respektloost Verhalen vis-à-vis vun de Mataarbechter am Restaurant als extrem negativ ugesi. Tatsächlech ass Humor sou wichteg datt et als entscheedende Punkt fir een wiederen Treffen ugesi gëtt. Pünktlechkeet a Signaliséierungsinteresse ginn och gutt ugeholl. Dir kënnt een Mann mat 62 Prozent fir sech gewannen, wann dir hien um éischten Date kusst.