Samsung: Galaxy S22 kënnt an dräi Varianten

Den Konzern lancéiert dräi nei Smartphones dëse Mount.

Samsung

Déi nei Smartphone -Serie Galaxy S22 gëtt méi spéit dëse Mount gestart. Samsung verëffentlecht den Apparat an dräi verschiddene Versiounen. Den Handy iwwerzeegt mat engem modernen Design an héichqualitativen neie Funktiounen.

Den Galaxie S22, den Galaxie S22+ an den Galaxie S22 Ultra wäerten verfügbar sinn. Den leschten kënnt mat engem S Pen. Dësen verschwënnt am Gehais vum Smartphone a gëtt do duerch Induktioun mat Stroum versuergt. Den Ultra gëllt ass Luxusversioun vum S22. Hien Iwwerzeegt mat enger schicker Aluminiumsrumm a véier integréierte Kameraen. En ass och waasserdicht a stëbsdicht. D’Haaptkamera huet ganzer 108 Megapixel. Et gëtt och een ultra Wäitwénkelobjektiv an zwee Teleobjektiven.

Samsung

Den Apparat ass verfügbar mat engem Späicherplaz vun 128GB, 256GB, 512GB oder 1TB. Déi Variant mat dem meeschte Späicherplaz ka fir 1650 Euro kaaft ginn. De S22 an de S22+ sinn e bësse méi kleng. Trotzdeem bidden d’Apparater gutt Qualitéit. Den Design ass änlech  wéi den Modell virdrun. Den Display vum S22 ass 6.1 Zoll an den Display vum S22+ ass 6.6 Zoll.

Den OLED Schiirm huet FHD+ Resolutioun an ënnerstëtzt Bildwidderhuelungraten tëscht 10 an 120 Hz. All dräi Apparater funktionéieren mam Exynos 2200 Prozesser. Den S22 an S22+ si mat 128GB an 256GB Späicherkapazitéiten verfügbar. D’Präisser variéieren tëscht 849 an 1099 Euro.