Sträit mat der EU: Wäert Zuckerberg Instagram a Facebook zoumaachen?

De Geschäftsmann huet eng onheemlech Bedroung ausgeschwat.

suddeutsche (Foto: Josh Edelson/AFP)

De Mark Zuckerberg menacéiert Europa fir Facebook an Instagram auszeschalten. De Grond dofir ass den europäeschen Dateschutz. Dass Meta, esou e Schrëtt goen géif, soll aus dem Joresrapport un d’US-amerikanescht Bourseopsiichtsagence ervirgoen.

Meta géif gären d’Donnéeë vu sengen europäesche Benotzer op US Serveren iwwerdroen. Dësen Datenaustausch gouf vum EU-US Privacy Shield gereegelt, deen d’lescht Joer vum Europäesche Geriichtshaff gekippt gouf. Well d’Riichter waren der Meenung, datt déi europäesch Donnéeën op de Serveren net genuch geschützt wieren. Dëst ass e grousse Problem fir Meta.

De Grupp fuerdert elo sou séier wéi méiglech nei Kaderbedéngungen fir den transatlanteschen Datenaustausch. Soss „kënne mir warscheinlech net eis Haaptprodukter a Servicer, dorënner Facebook an Instagram, an Europa ubidden“. Well ouni Datenaustausch kann Meta zum Beispill keng geziilte Reklamm ubidden. Dat hätt en negativen Impakt op d'“finanziell Resultater“ vum Grupp, well et ee vun de Kärgeschäftsmodeller vu Facebook ass.

Trotzdeem denken d’Politiker net datt Meta tatsächlech Facebook an Instagram an Europa géif zoumaachen. „D’Meta seng Bedroung ass lächerlech a net ze gleewen! Well dat géif Meta net nëmmen europäesch Beneficer entzéien, déi ganz héich sinn, mee och säin eegent Netz ausserhalb vun Europa ofschneiden“. Wéi déi nei Kaderbedéngungen ausgesinn ass nach net kloer.