PayPal féiert néi Bezueloptioun fir Händler a Clienten an

De Bezuelungsserviceprovider wäert seng Offer ausbauen.

De Bezuelungsserviceprovider PayPal wäert geschwënn eng nei Optioun fir seng Clienten an Händler zur Verfügung stellen. Eng offiziell Pressematdeelung vun der Firma no soll d’Offer „Pay later“ ausgebaut ginn. Deementspriechend ass d’Optioun „Bezuelung an 30 Deeg“ geschwënn fir Clienten verfügbar.

Foto: Felix Kästle/dpa

Am Laf vun der nächster Woch soll d’Optioun scho verfügbar sinn. D’Clientë wäerten dann d’Méiglechkeet hunn déi nei Optioun ze wielen nodeems se op hire Kont ageloggt sinn an de Kaf wéi gewinnt fäerdeg bréngen. D’Bezuelung gëtt dann automatesch no 30 Deeg duerch een direkten Debit gemaach. Géint eng Tax kann de Bezuelungsdatum souguer verréckelt ginn ier déi 30 Deeg eriwwer sinn. Wann de Betrag manner wéi 20 Euro ass, kann den Datum gratis verréckelt ginn.

Déi nei Offer bitt nëmmen Händler a Clienten Virdeeler. Well déi bekannte Prozedure fir op Kont ze bezuelen an den direkten Empfang vun der Bezuelung kombinéiert sinn. Wärend de Verkeefer seng Sue kritt direkt nom Ofschloss vun der Bestellung, kann de Client d’Wuer an Rou probéieren oder iwwerpréiwen a spéider bezuelen. D’Benotzung vun der Offer enthält keng zousätzlech Käschten fir Händler oder Konsumenten.