Éischt Policekontroll: Mann fiert 70 Joer ouni Führerschäin

E Mann aus England ass ouni Permis gefuer a gouf zënter iwwer 70 Joer net erwëscht.

E kuriéisen Tëschefall ass bei enger Verkéierskontroll an England geschitt. E Pensionär gouf vu Polizisten am Kader vun enger Routine bei Nottingham gestoppt. Den alen Här war mam Mini One gefuer a konnt keng Dokumenter virweisen déi him fueren erlaabt hätten.

Et huet sech erausgestallt, datt de Mann ni e Führerschäin oder eng Assurance hat. Hien fiert en Auto zënter hien 12 Joer al war. De Mann steet zanter iwwer 70 Joer ouni Lizenz hannert dem Steier a gouf an all deene Joren ni kontrolléiert. Keen huet gemierkt, datt hien iwwerhaapt keen Auto fueren dierf.

Police officer with mobile tablet check stopped car body number. Transport document verification

„Mir konnten et net gleewen [….] Wéi de Chauffer, deen 1938 (!!) gebuer gouf, verroden huet, datt hien zanter hien 12 Joer al ass ouni Permis a Assurance gefuer wier. (Mir loossen Iech d’Rechnung maachen!!)“, hunn d’Beamten op Facebook geschriwwen.

Obwuel de Mann ni geléiert huet Auto ze fueren, huet hien an all där Zäit ni en Accident verursaacht. „Glécklecherweis hat hien ni en Accident verursaacht, keen verletzt oder a keen finanziellen Schued verursaacht, andeems hien een ugefuer huet, well hien war alt net verséchert. D’Polizisten hunn de Chauffer gewarnt an him gesot, dass hien ouni entspriechend Permis net hannert d’Stéier klammen soll.