Diskriminatioun: 7 Zwerge sollen aus „Schneewittchen“ gestrach ginn


Disney wëll déi 7 Zwergen an der kommender néier Editioun vum Mäerchen ersetzen.

Disney

Zënter Méint gëtt elo schonn iwwer Diskriminatioun a Rassismus diskutéiert. Liewensmëttel goufen ëmbenannt, Expressiounen geläscht a Filmer als net méi aktuell kritiséiert. Elo fänkt d’Debatt och bei den Märercher un.

Konkret geet et ëm ee vun de populäerste Klassiker vun Disney. Well d’Medienfirma wëll déi 7 Zwerge aus „Schneewittchen“ sträichen. Déi sollen net méi an der nächster neier Editioun optrieden. Den Ausléiser fir dës kontrovers Ukënnegung war de „Game of Thrones“ Stär Peter Dinklage. Hien huet Folgendes am Podcast gesot:

„Take a step back and look at what you’re doing there,“ he said. „It makes no sense to me.“

„You can be progressive in one way but you’re still making that f****** backwards story of the seven dwarves living in the cave.

„What the f*** are you doing, man. Have I done nothing to advance the cause from my soapbox?

„I guess I’m not loud enough.“

Snow White ’needs to be updated‘

Disney

Elo wëll Disney „evitéieren, d’Stereotypen vum ursprénglechen Animatiounsfilm z’erhalen.“ D’Produktioun wëll déi 7 Zwerge duerch siwe magesch Kreaturen ersetzen. Wat genee dës Kreaturen solle sinn, ass nach net bekannt. Allerdéngs kritt d’Campagne net nëmme Zousproch. Besonnesch Schauspiller vu kuerzer Statur kritiséieren d’Tatsaach, datt hir potenziell Rollen ofgeschaaft ginn.

Si ernimmen och, datt den Dinklage mat senger Roll als Klenggewuessenen am „Game of Thrones“ zum Multi-Millionär gouf . „Hien hat deemools kee Problem domat. Awer elo wëll hien progressiv sinn? Komm schonn, Mann“ sot den Dylan Postl der Press.