Netflix Dokumentarfilm „I am Georgina“: Dem Ronaldo seng Frëndin verstoppt eng schwiereg Vergaangenheet

D’Serie iwwer Georgina Rodriguez ass de Moment op Netflix verfügbar.

© Netflix

Den Documentaire „I am Georgina“ huet viru kuerzem op Netflix ugefaange. An der Serie geet et ëm d’Liewe vum Georgina Rodriguez, dat als Frëndin vum Fussballstar Cristiano Ronaldo bekannt gouf. Awer hir schwiereg Vergaangenheet gëtt am Dokumentarfilm geheim gehal.

Georgina huet hiren aktuelle Frënd viru fënnef Joer kennegeléiert. Deemools huet si am Gucci Buttek geschafft. Netflix versprécht en „emotionalen an déiwe Portrait vun hirem Alldag“. De Streamingdéngscht huet déi 27-Järeg op d’Filmfestival vu Cannes oder op ganz privat Reuniounen mat hirer Schwëster a Frënn begleet. D’Georgina lieft elo mam Ronaldo, sengen dräi Kanner an mat senger véier Joer al Duechter. Déi jonk Fra ass den Ament nees schwanger an erwaart Zwillinge.

© Netflix

Nieft hirem Liewen als verantwortlech Mamm, schafft d’Georgina als Influencer a kann elo iwwer 32 Millioune Follower op Instagram begeeschteren. Si weist sech a schéine Kleeder um rouden Teppech a schafft als Markambassadeur fir Chopard. An der Serie gëtt dem Georgina säi Liewen als eng luxuriéis Cinderella-Geschicht portraitéiert. „Ech hunn ëmmer gedreemt e Prënz Charming u menger Säit ze hunn – elo hunn ech een“, seet dat 27-Joer alt. Seng schwiereg Vergaangenheet gëtt awer geheim gehal.

Dem Georgina säi Papp souz eelef Joer am spuenesche Prisong . De Grond dofir war den Drogenhandel. Wärend dëser Period gouf Georgina vun hirem Monni opgezunn. Awer d’Relatioun mat him schéngt net gutt ze sinn. Joren méi spéit huet hien an de Medien d’Georgina déi „béist Fra vun der Welt“ genannt. Och mam Cristiano war et net ëmmer einfach. Am Joer 2019 huet hien misse viru Geriicht optrieden nodeems eng Fra mam Numm Kathryn Mayorga hien zu Vergewaltegung beschëllegt huet.