Berühmten ukrainesche Boxer dout fonnt – Police ermëttelt

Vladimir Virchis huet den Dag virdrun mat seng gudde Frënd ëffentlech een Sträit gehat.

© Boxen1

Virun e puer Deeg krut d’Boxwelt eng schockéierend Nouvelle: Den ukrainesche BoxeChampion Vladimir Virchis ass dout. No der lokaler Police sollen Passanten hien zu Kiew opgehaange fonnt hunn, seng Fra Irina hat d’Beamten schonn virdrun alarméiert. Si war besuergt well hire Mann net wéi gewinnt heem komm ass. Strofverfueren goufen agefouert nodeems seng Fra de Kierper identifizéiert huet. D’Ermëttlungen lafen op Héichtouren, mee bis elo goufe keng Indikatiounen fonnt, déi op e Sträit oder extern Gewalt weisen. Allerdéngs hat de professionelle Boxer keen Abschiedsbréif bei sech.

De Vladimir Virchis huet e groussen Deel vu senger professioneller Carrière an Däitschland verbruecht. 2005 huet hien ënner dem däitschen Trainer Konrad Mittermeier am Hamburger Boxstall Universum trainéiert an 2006 den europäesche Schwéiergewiichttitel gewonnen.

© BOXEN1

Zënter dem mysteriéisen Doud vum ukraineschen Ex-Champion zirkuléiere verschidde Rumeuren iwwer d’Ëmstänn, déi zu dëser Tragedie gefouert hunn. Engersäits dräi Woche viru sengem Doud huet den Ukrainer e Post op sengem Facebook-Profil eropgelueden, wou hien iwwer seng aktuell Liewenssituatioun erzielt . Den 48-Joer alen huet geschriwwen datt hien eng schwiereg Zäit erlieft a dass hien säi Liewen vun fir starten wëll.

E puer vu senge beschte Frënn hunn dunn de fréiere Boxer besicht a mat him iwwer seng Depressioun geschwat. Hien huet hinnen iwwer Problemer mat sengem „angeblechen“ gudde Frënd Vladislav Manger erzielt, deen him vill Sue schëlleg war. Hien steet am verdächtegt eppes mam Doud vum Boxer ze dinn ze hunn, well et den Dag virum Virchi sengem Doud zu engem ëffentleche Sträit koum. Den Donneschtend stoung den Herr Manger virun Gericht mam Virworf: Optragsmord. Dem ukrainesche Journalist no ass de Vladimir Virchis an de Geriichtssall gestiermt an huet mat haart Stëmm seng Sue zréckgefuerdert. De Manger huet geäntwert: „Maacht hei keng grouss Zeen!“ Den nächsten Dag war de Profi Boxer dout, de Vladislav Manger huet awer selwer en Alibi, well hien am Prisong war.