„Uncharted 5“: Videospilldesigner verréid entscheedend Hiweiser

Gëtt et eng Fortsetzung vum populäre Videospill?

©  Promo/Sony

D’Videospillserie „Uncharted“ gëllt als e grousse Succès. Gaming Fans hu scho laang iwwer eng Fortsetzung vun der populärer Serie spekuléiert a waarden op „Uncharted 5“. Elo huet den Entwéckler a kreativen Direkter Shaun Escayg d’Rumeuren fir d’éischte Kéier kommentéiert an entscheedend Informatioun opgedeckt.

En neien Deel vun der Haaptserie wier en Highlight fir d’Fans. Dat lescht Spill gouf am Joer 2017 verëffentlecht. Naughty Dog liwwert dëst Joer nëmmen d'“Uncharted: Legacy of Thieves Collection“, déi ënner anerem fir d’PlayStation 5 verfügbar ass. Mee d’Fro stëllst sech nach ëmmer wéini de fënneften Deel vun der Serie erauskënnt an ob d’Videospillentwéckler hire Fans iwwerhaapt dëse Kaddo maachen.

„Ech mengen et ass sécher ze soen datt mir ni ni soen kënnen. Dat ass richteg. Uncharted ass eng Serie déi mir gär hunn – déi de Studio gär huet. Ech hunn et gär an de Kurt och. Et ass eng Welt vun där mir méi wëllen gesinn. Also ech kann dat mat Sécherheet soen“, erkläert den Escayg an engem Interview. Domat wéisst den Studio Begeeschterung iwwer d’Serie „Uncharted“ a gëtt de Fans Hoffnung op eng Fortsetzung.

Fir de Moment mussen d’Spiller sech awer mam neien Uncharted Film zefridden ginn, deen den 18. Februar an de Kino kënnt.