Karaoke am Auto: Tesla stellt TeslaMic vir


Den Elektroauto Hiersteller huet viru kuerzem een wireless Mikro agefouert.

© Tesla

Tesla erweidert viru kuerzem säin Markeneintrag sou wei seng Audioausrüstung. Den Hannergrond vun dëser Ännerung ass elo opgedeckt ginn. Den Elektroautohiersteller stellt de sougenannte TeslaMic vir, mat deem d’Besëtzer Karaoke am Gefier spille kënnen.

Et handelt sech dobäi em 2 wireless Mikroen, déi $ 188 kaschten. Fir eng kuerz Zäit waren d’TeslaMics schonn am Chinesen Online Shop vun der Firma verfügbar. Se sinn elo sou populär, datt se direkt ausverkaaft waren. Nei Exemplare sollen Enn Februar erëm verfügbar sinn. Deen neien Feature ass de Moment nëmmen a China verfügbar.Do ass et net seelen eng Karaokesparty am Auto ze hunn. Och aner chineesesch Hiersteller bidden schonn d’Méiglechkeet mat speziellen Apps am Auto mat ze sangen.

© Tesla

Bei Tesla kënnen déi nei Mikroen nëmmen no der Installatioun vun engem Softwareupdate benotzt ginn. Déi associéiert App bitt dann déi entspriechend Lidder a Videoen. Dann kann et lassgoen um Bildschierm vum Telsa. Aus Sécherheetsgrënn fonctionéiert de System nëmme wann d’Gefier steet,. Sou kann zum Beispill Zäit besser am Stau genotzt ginn.

En einfache Karaoke-Modus war schonn an den Tesla Autoen verfügbar. Elo ass dës Funktioun mat de Mikroen erweidert a verbessert ginn .