Persoun gouf mat mat 38 Kilo Tubak aus Lëtzebuerg erwëscht

Dëse Weekend gouf bei enger Kontroll op der A31 eng Persoun kontrolléiert, déi a Frankräich ënnerwee war, mat ze vill Tubak aus Lëtzebuerg.

© Twitter / Gendarmerie de la Meurthe-et-Moselle

Gendarmerie vu Meurthe-et-Moselle aus Frankräich mëllt op Twitter, dass den Tubak am Wäert vu 4.600€ zu Lëtzebuerg kaaft ginn ass. Domat gouf déi gesetzlech Limite net agehalen. Déi 38 Kilo Tubak goufen zerstéiert.