Dramatesch Wanderung: mat 21 Joer duerch Selfie gestuerwen

E jonke Mann aus Arizona ass viru kuerzem bei engem trageschen Accident gestuerwen.

Et gëtt ëmmer méi heefeg, datt virun allem jonk Leit stierwen, well se geféierlech Selfies maachen. Viru kuerzem ass esou Drama am Lost Dutchman State Park zu Arizona geschitt.

Den 21 Joer ale Richard Jacobson huet mat engem Frënd am Naturpark campéiert. Déi zwee sinn op eng Wanderung op Flatiron Summit gaangen. Do wollt de jonke Mann endlech e Selfie maachen fir sech an déi wonnserschéin Vue fest ze halen. Um Enn huet hien dëse Projet mat sengem Liewen bezuelt. Hien huet säi Gläichgewiicht verluer an ass 210 Meter an Déift gefall.

„Den Här Jacobson war amgaang eng Foto mat sech selwer an der Stadskyline am Hannergrond ze maachen, wéi hien den Halt verluer huet, rutscht hien aus a fält“, soten d’Beamten um lokalen Policebüro. „Ech kann Iech soen, datt wärend eiser Enquête kee Beweis vun engem Verbriechen gouf. Et gouf och keng Unzeeche vun Drogekonsum. Et war just e ganz trageschen Accident.“

Den Richard konnt net gerett ginn. Hien huet säi Liewen an esou engem jonken Alter verluer. „Hie war en Outdoorman, Jeeër, Wanderer. Hien huet esou Saachen gemaach – also mengen ech, dass hien bei dem, wat hien gär gemaach huet, gestuerwen ass, just op eng tragesch Weis,“ sot e Frënd vum jonke Mann zu der Press.

Accidenter vun dëser Zort kommen heefeger fir. Tëscht Oktober 2011 an November 2017 sinn 259 Leit weltwäit ëm d’Liewe komm, während se probéiert hunn e Selfie ze maachen.