„Avatar 2“: 8 nei beandrockend Biller verëffentlecht

Nei Biller ginn en Abléck an d’Fortsetzung.

Um Enn vun dësem Joer, no méi wéi zéng Joer, gëtt et endlech Fortsetzung vum „Avatar – Aufbruch nach Pandora“. An dësem Artikel weisen mir Iech aacht nei Biller déi en Abléck an d’Welt vum spannenden neien Deel ginn. Et sinn nëmmen e puer Wochen hier zënter datt éischt offiziellt Bild vum Avatar 2 verëffentlecht gouf.

No sëllege Problemer an e puer Verspéidungen geet et weider mat der Produktioun vum zweeten Deel . Aacht nei Biller weisen drop hin, datt et ënner anerem ëm beandrockend Ënnerwaasserwelten an e mysteriéise Labo geet.

Biller Copyright Mark Fellman / 20th Century Studios

Den James Cameron huet och ugekënnegt datt eng Serie vu Filmer geplangt sinn, déi d’Geschicht vun der Sully Famill weiderféieren. „Avatar 2“ soll de 14. Dezember 2022 an Lëtzebuerger Kinoen kommen. Bis dohinner wäert déi eng oder aner interessant Informatioun sécherlech verëffentlecht ginn.