WhatsApp-Trick: Geläschten Messagen erëm siichtbar maachen

Et gi verschidde Weeër, fir nach ëmmer e geläschte WhatsApp Message ze liesen.

Wien kennt de Moment net: Dir kritt e WhatsApp Message, kuckt Äre Smartphone a sidd enttäuscht, datt en erëm geläscht gouf. An dann sidd Dir virwëtzeg a wëllt wëssen, wat am Message stoung.

WhatsApp Messagen konnt een zënter 2017 läschen. Dëst ass besonnesch nëtzlech fir Tippfeeler oder peinlech Mësselen. Et kënnt och fir, dass een zoufälleg e Message un de falsche Kontakt schéckt. Net all séiss Detail ass fir all Ae geduecht. Allerdéngs muss de Message bannent enger Stonn ewechgeholl ginn. Awer et gi verschidde Tricken, duerch déi geläscht Messagen nach ëmmer gelies kënne ginn.

Zum Beispill, um Sperrbildschierm wann d’Virschaufunktioun agestallt ass, oder duerch verschidden Apps. Dëst ass méiglech mat der „Notification History Log“-App. Dës Optioun steet nëmme fir Android Benotzer op. Am Google Play Store sinn och nach vill aner Apps fir dësen Zweck verfügbar. Bei den Bewäertungen ginn Meenungen allerdéngs auserneen.

E puer Benotzer si ganz zefridden mat den Uwendungen, anerer beschwéieren datt d’Apps net richteg funktionéieren. D’Benotzung stellt eng aner Gefor, well d’Applikatioun Zougang zu all Chat huet. Wat den Dateschutz ugeet, ass dës Tatsaach éischter kritesch. Eemol installéiert, protokolléiert d’App all Messagen. Gëtt eng geläscht, kann den Programm se einfach erëm hierstellen