Néi Debatt: Ass d’Kokosnosslidd rassistesch?


D’Kannerlidd „Die Affen rasen durch den Wald“ soll rassistesch sinn.

D’Rassismusdebatt geet an déi nächst Ronn. E puer Liewensmëttelnimm goufen scho geläscht an erneiert. Och eng verdächtegt diskriminatoresch Attraktioun am Europapark gëtt am Moment ëmgebaut. Vill kritesch Stëmmen soen, datt stereotyppe Duerstellung verännert muss ginn an net méi zäitgeméiss oder souguer beleidegend sinn.

Elo ass eng Diskussioun iwwert d’Kannerlidd „Die Affen rasen durch den Wald“ do. Den Ausléiser war en Instagram Post deen virun e puer Deeg vum Televisiounssender „ZDF Kultur“ publizéiert gouf. Dësen beschäftegt sech mat Sprooch a Kommunikatioun. Konkret goung et ëm d’Thema „Rassismus am Kannerzëmmer“. Dobäi gouf dat genannte Kannerlidd ernimmt.

Laut Kritiker ënnersträicht d’Lidd rassistesch Stereotyppen. Well d’Lidd soll sech op de kolonialistesche Cliché vu kriminalisteschen an instinktkontrolléierten Afen konzentréieren, deen op faarwege Mënschen mat indigene Wuerzelen projezéiert gëtt. De Begrëff „Af“ soll an der Kolonialgeschicht dozou benotzt ginn sinn, faarflech Mënschen ze animaliséieren. D’Lidder „Drei Chinesen mit dem Kontrabass“ an „C-A-F-F-E-E“ goufen och am ZDF-Post kritiséiert.

Lieweger Diskussiounen koumen no der Verëffentlechung. Well verschidde User konnten d’Kritik net verstoen: „Et geet ëm Déieren. Eng Band vun Afen. Déieren. Néierens gëtt e Wuert/Synonym fir eng Bevëlkerungsgrupp déi gemengt kéint sinn. Nëmmen Afen. Déieren alt … en Déierelidd.“ D’Diskussioun gouf och op Twitter weidergefouert: „Vläicht muss een och net all Stéck Schäiss sou laang duerchdenken, bis een sech eppes prettgeluecht huet, iwwer dat een rosen kéint sinn.“