Etude verréit: Cannabis soll virun Corona schützen

Eng Etude aus Oregon weist datt Cannabis géint de Covid-19 schützen soll.

D’Corona Pandemie ass nach ëmmer net eriwwer. D’Santé registréiert de Moment vill Infektiounen, 9373 den 19.1.2022 (Link zum Rapport). De Virus verbreet sech ëmmer méi séier, besonnesch wéinst der Omicron Variant, déi héich ustiechend ass.

Fir Iech op d’mannst esou gutt wéi méiglech virun enger Infektioun ze schützen an e schwéiere Verlaf ze verhënneren, kënnt dir iech géint de Covid-19 impfen lossen (Link impfen.lu). Och un weideren Mëttelen, déi bei enger Infektioun hëllefen sollen, gëtt gefuerscht. Viru kuerzem beschäftegen sech Wëssenschaftler aus Oregon mat der Wierkung vun  Cannabis. D’Resultater vun der Etude weisen datt d’Planz tatsächlech géint Corona schütze kann.

De Konsum vu Cannabinoiden an déi doran enthalen Saieren CBGA (Cannabigerolsaier) an CBDA (Cannabidiolicsaier) kënnen dofir suergen,  datt Spikeprotein gebonnen gëtt. Dëst kann andréngen vun den Zellen verhënneren. Wéi de Studieleader Richard B. van Breemen bestätegt, kënnen déi zwou Saieren oral ageholl ginn. Eng optimal Therapie mat Cannabis funktionéiert allerdéngs nëmme, wann de Patient geimpft ass.

Cannabinoide sinn laut dem aktuellen Kenntnisstand géint d’Alpha- a Beta-Varianten wierksam. D’Etude ass am Journal of Natural Products publizéiert ginn. D’Effektivitéit vu Cannabis géint d’Delta an Omicron Varianten soll als nächst erfuerscht ginn.