Apple, Facebook a Co.: Wat geschitt mat den Onlinekonten nom Doud


Esou kann dat digitale Ierwen gereegelt ginn.

Am Doudesfall mussen déi Hannerbliwwen sech net nëmme ëm den materielle Besëtz këmmeren. D’Famill ass och mat dem digitalen Ierwen konfrontéiert. Dëst enthält meeschtens E-Mailen, Streaming Abonnementer a Accounts vun soziale Medien.

Den Instagram Kanal muss memorialiséiert ginn, all Messagen geläscht a Fotoen erhale bleiwen. Laut enger Etüd vun der Branchevereenegung Bitkom hu ronn 40 Prozent vun den Däitschen ganz oder deelweis reglementéiert wat mat hirem digitale Ierwen geschéie soll. Mat iOS 15.2 bitt Apple senge Benotzer, Bestëmmung wien hiren Ierwen soll ginn. D’Persoun kritt e Schlëssel zougeschéckt, ëm spéider Zougang zur iCloud ze kréien.

Den Ierwe kann dann d’Donnéeë fir dräi Joer nom Doud vun der Persoun sécheren. Dono ginn se dann permanent geläscht. Dir kënnt och op Facebook uginn datt de Kont permanent geläscht soll ginn. Zousätzlech kann en Ierwen als Kontakt uginn ginn, deen dann de Profil geréiert. Bei Instagram kann de Kont op Wonsch agefruer oder geläscht ginn.

Bei Google musst Dir eng Demande maachen fir d’Donnéeë vun enger verstuerwener Persoun ze kréien. Abonnementer bei Streaming Ubidder wéi Netflix oder Spotify laafen einfach nom Doud vum Besëtzer weider. Dëst bedeit och, datt d’Suen weider vum Kont ofgebucht ginn. Dofir sollten déi Hannerbliwwen,d’Kontrakter sou séier wéi méiglech kënnegen. Déi meescht Servicer bidden Kontaktformulare fir dësen Dengst.