Netflix: Populär Serie kritt zwou nei Staffelen

Den Erfolleg vun der Serie ass sou iwwerzeegend datt Staffelen 3 a 4 gläichzäiteg bestallt goufen.

Déi vun iech, déi déi nei Staffel vun „Emily zu Paräis“ op Chrëschtdag 2021 gekuckt hunn, hu warscheinlech scho gemierkt: D’Serie wäert eng weider Staffel kréien. Well déi zweet Staffel mat engem Cliffhanger ophellt, ass dës Nouvelle op den éischte Bléck net grad speziell. Awer de Streaming-Gigant schéngt sou zefridden mat den Zuelen vun der zweeter Staffel ze sinn, datt et grouss Pläng gëtt.

Laut Berichter vu verschiddenen US Branchenmagaziner, bestellt Netflix zwou weider Staffelen vun „Emily in Paris“ op een Schlag. Et kann een also scho soen, dass Serie op mannst nach bis Staffel 4 leeft a wann alles gutt leeft an Maacher nach flott Geschichten ze zielen hunn, dann kréien mer eventuell nach méi Staffelen ze gesinn


Wéini et nei Episode ginn oder wéini genee déi nei drëtt Staffel vun „Emily in Paris“ op Netflix erschéngt ass bis elo nach net kloer. Wann een sech awer d’Produktiounszäite vun den éischten zwou Staffelen ukuckt an unhëlt, dass fir nächst Staffel genausou vill Zäit  ageplangt ka ginn, da géif déi drëtt Staffel fréistens 2023 erauskommen.