Mamm, Papp, musst Dir erëm eng Foto vu mir maachen? An och rëm pousten?

An der Vakanz sidd Dir wäit ewech vum Stress, vum Alldag – Dir kënnt relaxen. Elteren a Kanner genéissen zesummen schéin Momenter – dat wëll natierlech och opgeholl ginn. E puer Fotoe gi séier opgeholl an duerch déi technesch Méiglechkeeten direkt op de sozialen Netzwierker gepost. Net nëmme Jonker, mee och Elteren maachen dat ëmmer méi dacks.

Ass et ëmmer déi bescht Entscheedung?

Elteren déi Fotoen/Videoe vun hire Kanner posten ass bekannt als „Sharenting„, eng Kombinatioun vun den englesche Wierder  share (deelen) an parenting (Kannererzéiung). D’Fro stellt sech ob dat ëmmer eng gutt Iddi ass.

Wat d’Elteren als schéin Vakanzen-Erënnerung gesinn, kann d’Kand iergendwann als peinlech gesinn. Spott a Mobbing vun (zukünftege) Klassekomeroden kënnen och Konsequenze sinn.

BEE SECURE recommandéiert d’Elteren, sech virum Post vun Fotoen an Videoen, sech an Situatioun vum Kand ze versetzen an un Zukunft ze denken. Well wann Fotoen oder Videoen online sinn, kënne se gedeelt, gespäichert, kopéiert a fir aner Zwecker mëssbraucht ginn. Et huet een keng Kontroll méi doriwwer, wat mat deem gemaach ka ginn.

Kontrollverloscht iwwer Online-Inhalter

D’Eltere sollen drop verzichten Fotoen ze deelen, déi Kanner plakeg weisen, am Maillot an änleche Situatiounen. Pädokrimineller klauen dës Zorte vu Fotoen, souwéi alldeeglech Biller, luet se soss anzwousch erop a benotzt d’Fotoen / Videoe fir sexuell Befriddegung. Si tauschen dës a Foren aus a schwätzen doriwwer, wéi se dem Kand am léifsten sexualiséierter Gewalt undoen kéinten.

Awer net nëmmen esou Foren, mee och YouTube kann zu dësem Zweck mëssbraucht ginn. Pädokriminell Notzer kënnen duerch clever Astellungen an der Playlistfunktioun alldeeglech Biller vun Kanner an een sexuellen Kontext stellen: Duerch den Numm vun der Playlist, duerch Zesummesetzen vun Videoe a duerch Kombinatioun vun den sexualiséierten Adjektiven an onopfällegen Begrëffer fir Alter, Gréisst, oder kierperbetounten Aktivitéiten sinn des Playlist dann iwwer Sichfunktioun ze fannen. Eng sécher Géigemoossnam ass d’Virastellungen sou ze konfiguréieren,  datt Videoen net iwwerall verbreet ginn, sou wei duerch Astellung, dass eegen Videoe net op anerer hir Playliste bäigefüügt kënnen ginn.

De Kannerschutz steet op éischter Plaz

schützt. Domat, datt Kanner vun hiren Elteren léiere wéi virsiichteg si mat Biller ëmgoen a spéider dat selwecht mat hiren eegene Fotoen maachen. D’Entscheedungshëllef vum SCHAU HIN! kann Elteren hëllefen ze bewäerten ob e Bild/Video soll gepost ginn oder net

Wann Dir op sozialen Netzwierker poste wëllt, sollt Dir ëmmer d’Privatsphär a Sécherheetsastellunge kontrolléieren. Eng aner sënnvoll Moossnam ass d’Zilgruppen vun Albumen a Fotoen ze limitéieren.


Den Artikel gouf vun BEE SECURE geschriwen. (Iwwersaat vun Papp.lu)