Squid Game Saison 2: Wat bekannt ass

Sou soll et mat „Squid Game“ weidergoen.

© Noh Juhan / Netflix

Déi südkoreanesch Serie „Squid Game“ hat iwwerraschend Succès am leschten Joer . Am Ufank wollt de Regisseur Hwang Dong-hyuk keng Fortsetzung, awer et elo ass kloer: Et gëtt eng zweet Saison op Netflix.

An der éischter Saison „Squid Game“ waren ongeféier 456 Leit, déi un déidleche Spiller deelgeholl hunn. Mat dobai waren Spiller: Tauziehen, ddakji oder rout Luucht, gréng Luucht. D’Verléierer hu misse mat hirem Liewe bezuelen. De Gewënner goung mat engem Präisgeld vun 33 Milliounen Euro heem. De Createur vun der Serie huet un der Produktioun insgesamt dräizéng Joer dru geschafft.

© Noh Juhan / Netflix

D’Fans sollten awer net esou laang op de Fortsetzung waarden. Déi zweet Saison ka méiglecherweis am Joer 2023 erwaart ginn. Nieft dem Lee Jung-Jae, deen de Protagonist Gi-hun spillt, ginn an den neien Episoden och de Lee Byung-hun als Front Man an den Oh Young-soo als Oh Il-nam erwaart. Näischt gouf iwwer de Komplott vun den nächsten Episoden opgedeckt.

Trotzdeem gëtt schonn iwwer d’Fortsetzung spekuléiert. Um Enn vun der éischter Saison gëtt et kloer datt den Gi-hun all d’Spiller ofgeschloss huet an zréck an d’Äussewelt entloos gëtt. Et gëtt och verroden, datt d’Persoun hannert de Spiller en ale Mann mat Demenz wier. Schlussendlech muss de Gi-hun entscheeden ob hien an de Fliger klemmt, deen hien heem bei seng Famill bréngt oder net.

Dunn gesäit hien eng Persoun, déi op deselwechte Manéier rekrutéiert gëtt wéi hien. De Gi-hun hëlt eng Decisioun: hie wëll d’Persoun hannert de Spiller verfollegen, em dëst op en Enn ze bréngen. Deemno soll dëse Projet am Mëttelpunkt vun der neier Saison stoen. D’Geschicht iwwer den Gi-hun bleift definitiv spannend.