AirPods Pro 2: Dës nei Features si geplangt

Zwou praktesch Funktiounen si fir déi nei Generatioun vun den AirPods Pro geplangt.

© Apple.com

Apple Fans musse e bësse méi laang waarden bis d’AirPods Pro 2 op de Maart kommen, well d’Verëffentlechung fir de véierte Quartal vun 2022 geplangt ass. Trotzdeem verroden Analysten schonn déi éischt Prognosen a méiglech Features vun den neien In-Ear Kopfhörer.

De Ming-Chi Kuo huet gemellt datt d’Bluetooth Kopfhörer mat engem revidéierten Design kommen soll. Deementspriechend sollen déi berüümten Staangen bei den AirPods Pro 2 wechfalen. De Look wäert un d’Beats Fit Pro erënneren. Nëmmen e klenge Knäppche géif am Ouer bleiwen, dee kaum vu baussen ze gesinn ass.

© Apple.com

Apple wëll d’Kopfhörer och technesch upgraden. Dëst beinhalt och, dass den Ladecase méi einfach ze fannen soll sinn. Fir dësen Zweck ze erfëllen, soll eng Aart AirTag an den AirPod Case integréiert ginn. De Ladecase huet eng Signalfunktioun a kann an der „Find My“ App gespäichert ginn.

Eng Verbesserung vun der Tounqualitéit ass och geplangt. Laut Kuo ass dat spezifescht Zil Apple Lossless (ALAC) an den AirPods Pro 2 z’integréieren. Dëst géif lossless Sound fir d’éischte Kéier méiglech maachen. Bis elo ass duerch Bluetooth-Verbindung déi verfügbar Bandbreet  reduzéiert. Wéi genau Apple déi lossless Audio Funktioun implementéiert bleift ofzewaarden.