„Mobbing“: Vëlkerball soll ofgeschaaft ginn

D’Fuerscher hunn dat bekannte Spill als „Mëttel zu Ënnerdréckung“ beschriwwen.

Dëser Meenung sinn och Fuerscher vun der University of British Columbia . Am Völkerball ginn zwou Équipë geformt, déi schlussendlech probéieren musse, d’Membere vum Géigner mam Ball ofzeschéissen, sou datt se eliminéiert ginn. Vill nordamerikanesch Educateuren wielen d’Spill fir Studenten op dat richtegt Liewen virzebereeden.

Dat ass laut dem Fuerscher Joy Butler e fatale Feeler: „De Message vum Spill ass datt et an der Rei ass anerer ze verletzen.“ D’Etude seet och, datt Vëlkerball als „legaliséierter Mobbing“ an als „Mëttel zu Ënnerdréckung“ ugesinn kann ginn. „An der Schoul schwätze mir vill iwwer Frëndlechkeet, Empathie a Matgefill. An der kierperlecher Erzéiung verschwannen all dës Begrëffer „, sot de Co-Autor Stephen Berg dem kanadesche Sender CBC.

Dofir fuerderen d’Auteuren vun der Studie elo fir aner nei Spiller an der Sportsunterrecht  ze spillen. Méi schwaach Kanner sollen och berécksiichtegt ginn. Empathie a Respekt sollen och hei eng Prioritéit sinn.